Cityshopping

  Karte Verkaufsoffener Sonntag

Aktivitäten

Stadtviertel

Types de paiement

Services proposés

Jours d'ouverture

Marke

Wéi geléngt de Fréijoersshopping?

20180306-Freijoersshopping2018-fb (003)

E grousse Shopping Weekend steet virun der Dier. Tipps an Neiheeten fir sech eng Freed ze maachen.

Endlech ass d’Fréijoer an der Stad ukomm. No den laangen Wanterméint hutt dir erëm e Grond méi fir an Stad flanéieren ze kommen an déi nei Kollektiounen z’entdecken.

Mir freeën eis op d’Fréijoer! Et bréngt frëschen Wand an d’Haus. Wann Deeg erëm méi laang ginn an d’Sonn sech erëm weist gëtt et héich Zéit aus den decken groen Wanterkleeder ze kommen an Faarf an den Schaaf ze bréngen.

Des Saison bidden Moudenhaiser eng gemëschten Faarfpalette mat dënnen & liichte Stoffer. Sief et knalleg, oder en doucen Pastelltoun… Mat den neien Trends ass fir jiddereen eppes dobäi.

Wann een un Fréijoer denkt, dierfen Blummen natierlech net feelen, e Must-Have fir den florale Look ass en Blümchenkleid.

Eng Jeans dräit sech och ëmmer gutt, egal wéi eng Joerszeit. Hei leen Designer fir déi aktuell Saison op Raw Denim, dh onbehandelt an richteg blo Jeans.

Fir dat ganzt opzepeppen fannt dir an der Stad kreativ Iddien an déi passend Accessoiren, sief et eng kleng Ketten oder en Kuerf als Posch.

Säit e puer Joer ass den Sportswear net méi ewechzedenken. Mat den Tipps vun de Profien an enger geschéckter Kombinatioun, kann een e legèren Fréijoers-Style zauberen deen fir all Geleeënheet ass.

Kommt an kleet iech mat den neien Fréijoerstrends vun den den Stater Geschäfter an. Hei wäert et Iech un näischt feelen.

D‘ Butteker machen op dësem traditionellen Fréijoershopping, Sonndeg de 25. Mäerz fir Iech am Nomëtteg op.

Ganz Nei!

Stater Geschäftsleit waarden schonn Freides owes bis 9 Auer mat hiren neien Kollektiounen op iech.

Tipp: Fir Iech Ären Shoppingtour ze vereinfachen, kuckt wien alles fir iech op huet. Am Cityshopping Info Point op der Plëss kritt dir eng moosgeschneidert Berodung an Informatiounen zu den iwwert 3000 Marken an der Stad. Hei kritt dir och är gratis Shopping Map mat op den Wee.

Klenge Rappel fir iech de Wee an Stad ze vereinfachen:

Städtesch Busser (Linen 1 -32), den Tram an verschidden RGTR-en sinn de ganzen Weekend 24 – 25 gratis.

Zousätzlech zu den bekannten gratis Parkingen (P+R Bouillon, P+R Sud an de Glacis), sinn och den P+R Stade an den Parking Rond Point Schuman gratis.

Wéi gewinnt fiert den Ciytshopping Bus och säin Tierchen vum Glacis an Stad an zréck.

Also… Rendezvous um groussen Fréijoersweekend, ab dësem Freideg an ärer Haaptstad.

20180306-Freijoersshopping2018-WEB

photo freijoer1

photo freijoer2

Neuigkeiten erhaltencityshopping.lu

Praktische Infos

Partner

Your browser is out-of-date!

Update your browser to view this website correctly. Update my browser now

×